
H I S T O R I Q U E
Esou huet alles ugefaang.....
2006-2012
- An enger Versammlung vum 16.02.2006 haat d'Madame Kemp-Weber Juliette, Member vun der Schierener Kultur a Sportkommissioun, di formidabel Iddi e Volleksfest am Schoulhaff an am Park hannert der Kierch ze organiséieren,
an daat mat engem flotte Bullentournoi.
Hier Iddi war och, eppes fir di Schierener Leit ze maachen, domatt se sech mei no kommen fir flott a geselleg
Momenter ze verbrengen.
z.b. a firwaat net, Sonndes mueres no der Mass, sech fir den Apéro, op der Bullepiste treffen, an a gudder
Gesellschafft e puer Bullen schéissen.
D'Membren vun der Kultur a Sportkommissioun, den Här GARSON Nico, KAYSER Alfred, MICHELS Rose,
NEUBERG Evelyne, an REITER Christianne woren domadder averstan, an mam Accord vun der Gemeng, gouf daat och mat ganz vill Succès ëmgesaat.
- Am Hierscht 2008 huet d'Gemeng Schieren zesummen mam SIGR - Norden en éischten Pétanqueterrain am schéine Park hannert der Kiirch opgeriicht.
- Op deenen 3 Volleksfester (2010, 2011 an 2012) huet de fréiere Comitésmember Raymond Bartholmé Pioneieraarbecht geleescht, andeems en Tournoi fir d'Schierener Leit mat vill Succès organiséiert gouf.
- Daat wor dunn am Summer 2012 den Ustouss fir e Pétnaqueveräin zu Schieren op d'Been ze stellen.
2012
2012 Grennung vun de Schierener Bullemettien
- Donneschdes 05.Juli 2012 gouf eng Informatiounsversammlung oofgehalen fir de Schierener Leit de neien Sportsveräin zu Schieren virzestellen.
22 Leit woren un der Iddi, fir zu Schieren Pétanque ze spillen, interresséiert.
- Den Numm " Schierener Bullemettiën" wor d'Iddi vun eisem Veräinsfrend Marc Michels an eng grouss Majoritéit vun de Membre wor domadder averstan e Logo gouf och fond an och Statute konnten opgestallt ginn.
- Donneschdes, den 13.September 2012 wor d'Grënnungsversammlung am Club House vum TC Schieren. 28 Leit hunn dei proposéiert Statuten guttgeheescht, a woren och d'accord mat der Zesummesetzung vun engem Comité.
Hei d'Nimm vun de 10 Grënnungsleit déi an den Statute stinn:
SCHIERENER BULLEMETTIËN A.S.B.L.
-
BARTHOLME Raymond
-
GARSON Carlo
-
GOERENS Romain
-
LATIC Edin
-
LATIC Elvir
-
MICHELS Rose
-
MEYER Fränk
-
MEYER Pol
-
SCHMITZ Jean-Pierre
-
SCHMITZ-NILLES Jessica
- No der Grënnungsversammlung vum 13.09.2012 si Méindes, de 17. 09.2012 nom Artikel 23 (répartition des charges) vun eise Statute folgend Chargen an der éischter Comitéversammlung opgedeelt ginn:
-
Président: GOERENS Romain
-
Vice-Président: LATIC Edin
-
Sécrétaire: MEYER Pol
-
Trésorier: SCHMITZ-NILLES Jessica
-
Commission sportive: LATIC Edin
LATIC Elvir
-
Commission Technique: BARTHOLME Raymond
SCHMITZ Jean-Pierre
-
Membres: GARSON Carlo
KEMP Romain
MICHELS Rose
-
Reviseurs de Caisse: BERTEMES Marcel
ORIGER Georges
-
Siège Social: Café "a Kesslesch"
48, ROUTE DE lUXEMBOURG
L-9123 SCHIEREN
- D'Cotisatioun 2012 fir d'Grennungsmemberen: 20.-€
- Den 19.September 2012 gouf eng "Demande d'admission provisoire" un d'Fédératioun gemeet an de 27. September 2012 hunn d'Membere vum Conseil d'Administration vun der FLBP eis Demande approuvéiert.
- Donnesdes, de 20.September 2012: e "SCHNUPPER" Frendschaftsmatch beim Riganelli, zu Esch/Alzette (Champion de Luxembourg an Coupe FLBP 2012)
- E Bank-Konto gouf bei der Dexia-BIL zu Ettelbréck opgemeet
IBAN LU96 0029 3100 3839 5800 BILLLULL
- Déi éischt Uniformen (T-Shirts a Sweat-Shirts goufe gesponsort vun
der Firma BIHOR (LATIC Edin, LATIC Elvir)
- Méindes den 08.Oktober 2012 goufen d'Statute vum Schierener Gemengerot eestëmmeg
ugehol an e "Startsubsid" iwwer 500.-€ gouf accordéiert.
- Eis 1.Assemblée Générale Ordinaire: Donnesdes, den 18 Oktober 2012
am Club House vum T.C. Schieren
- Eis éischt Sponsoren woren 2012
-
BIHOR S.à r.l Schieren
-
BOIS MATERIAUX WILLY PUTZ S.à r. l. Schieren
-
Toiture Moderne S.à r.l Colmar-Berg
- Seit dem 05.12.2012 gett de Veräin offiziell als A.S.B.L
am Registre de Commerce et des Sociétés Luxembourg gefouert
No. d'immatriculation: F 9370
Date d'immatriculation: 05/12/2012