2019
7. Saison um Championnat FLBP an der 2. Divisioun
02.03.2019
Assemblée Générale Ordinaire vun der FLBP
17.03.2019
5. Interne Bullemoien mat 45 Spiller
De Pétanqueveräin vu Schieren "Schierener Bullemettiën" sinn den 17 Mäerz 2019 an déi nei Saison gestart.
Si setzen sech ënner anerem an, fir "Boulespillen" an hirer Gemeng mee doriwwer eraus och an der zukünfteger Nordstad, ze propagéieren.
Esou hunn un dësem Dag 45 Léit un der Manifestatioun deelgeholl, déi dëst Joer zousätzlech ënner dem Motto vum "Télévie 2019" stoung.
30.03.2019
II. Schnupperdaag zu Bieles Metzerlach mam Nationaltrainer Dr. Klaus-Dieter Wiesbusch
Nei Uniformen dir d'Championnatsmatcher ze spillen gesponsort vun:
AMECO, Bissen
AMS , Schieren
ASPORT, Ingeldorf
BIHOR, Bissen
BOIS MATERIAUX WILLY PUTZ, Schieren
CBP QUILVEST, Luxembourg
DK PROMOTIONS, Luxembourg
GOCA CONSTRUCTION, Essingen
HOME-CENTER WILLY PUTZ, Schieren
MIROITERIE ORIGER, Schieren
SOLID, Schieren
TOITURE MODERNE, Colmar-Berg
TOMCAR,Bissen
VOYAGE SCHMIT, Schieren
WICKLER Frères, Diekirch
27.04.2019
Chèque Iwereechung
Don vun 1.000€ un Télévie op dem Centre de Promesses Kiischpelt 2019

![]() | ![]() | ![]() |
---|---|---|
![]() |
27.05.2019-31.05.2019
Jeux des petits Etats d'Europe
Monténégro 2019
D'Schierener Bullemettien op den JPEE am Montenegro
7 Spiller vun de Schierener Bullemettien haten sech freides, de 24.Mee iwwer Frankfurt op de Wee op Podgorcia an de Montenegro gemaach.
Direkt den éischten Dag konnte mir eis vun de schéine Landschaften an Zentral- an Nord-Montenegro iwwerzeegen.
Den Elvir an den Edin Latic (vun der Firma BIHOR) hunn eis hir Heemescht gewisen an hir Gaaschtfrëndlechkeet wor exemplaresch.
Pour info: den Numm "BIHOR" vun hirer Firma ass eng Regioun vum Montenegro.
Mat hieren Ausflich si mir an de Bierger bis op d'Serbesch an d'albanesch Grenze gefuer. No e puer Deeg Bierger a Schluchten goung dunn d'Rees op Budva un d'Adria, wou d'Spiller vun de klenge Länner ofgehale goufen.
Well de Competitiounsprogramm zimlech enk gestréckt war an d'Wieder och nit matgespillt huet, hu mir eis leider fir nëmmen eng Sportart d'Pétanque an d'Boule Lyonnaise missen entscheeden.
Mat eise 7 Léit wore mir dann och nieft Lëtzebuerger Sportler a Betreier déi eenzeg Supporteren, fir eis Nationalekippen am schlechte Wieder z'encouragéieren.
Eis Spiller hunn éis mat gudde Leeschtungen iwwerzeegt an hunn d'Medailen nëmmen esou ofgeraumt.
Vill schéi Momenter hu mir mat hinnen an de Victoiren erlieft.
E grousse BRAVO fir eis lëtzebuergesch Ekippen
No de sportlechen Deeg hu mir eis d'Stied Budva a Kotor ugekuckt a konnten d'Schéinheet vun der montenegrinescher Adriaküst genéissen.
Fazit: De Montenegro ass schons eng Rees waërt!!!
Leider ass freides, den 31. Mee eise Montenegro-Trip zu Enn gaangen.

![]() | ![]() | ![]() | ![]() |
---|
14.09.2019
Nationale Sportsdag Fit 50 Plus
Atelier vun de Schierener Bullemettiën
Bei beschtem Wieder hunn d'Schierener Bullemettien am Kader vun der Journée Nationale Sportive (FIT 50PLUS)) samsdes, de 14. September 2019, en Atelier geféiert, fir d'Bulle-Sportaktivitéit den "50-Plus-Léit" ze weisen.
19 Senioren haten sech deen Daag op Schieren an de Géier deplacéiert, wore begeeschert a sinn nit onzefridden heemgaangen.
Eng positive Randbemierkung wor, datt e fréiere Garagist vun Angelduerf mat 92 Joer nach gutt matgespillt huet.
Vun de Schierener Bullemettien haten sech d'Rose Michels, d'Nunzi an Marcel Frising, de Romain Pauly, de Paul Suttor, den Elvir Latic an de Rom Goerens de ganze Samsden Zäit geholl, fir déi Aktivitéit z'encadréieren.
15.09.2019
Mat eise Frënn Boule D'Or, di 4.Plaz bei 9 Championnatsekippen
Classement Final an der 2. Divisioun mat 36 lizenséierte Spiller
![SAISON_2019_-_Classement_D1-D21024_1[1].](https://static.wixstatic.com/media/3a303e_6ec253cfcd51431f84cceb16e18331f8~mv2.jpg/v1/fill/w_945,h_668,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/SAISON_2019_-_Classement_D1-D21024_1%5B1%5D_.jpg)
22.09.2019
Tournoi Steenem
05.10.2019
Championnat nat. en triplettes (Pétanque) FLBP Belvaux

17.10.2019
8.Assemblée Générale Ordinaire
19.10.2019
7. HIERSCHT-TOURNOI fir lizenzéiert Spiller mat 64 Spiller (32 Equippen)
Grand succès pour le concours de pétanque des « Schierener Bullemettien »
Samedi le 19 octobre 32 équipes de boulistes licenciés ont participé au traditionnel concours amical de pétanque en doublettes à Schieren.
Le soleil n’était pas au rendez-vous, mais les averses n’ont pas empêché pour faire de cet événement un moment
agréable et convivial.
Félicitation au président R.Goerens, d’avoir réussi à inviter ce grand nombre de participants, venus de tous les coins du pays.
Pour notre association, ce concours de pétanque est devenu un événement incontournable depuis quelques années.
![]() | ![]() |
---|---|
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() |

Et voici les grands gangnants du concours
Malik Faas & Jenny Wagner
Nos félicitations ....et bravo!

20.10.2019
1. TOURNOI nëmme fir Fräizäitspiller
Sonndes de 20. Oktober war fir di éischte Kéier en Tournoi nëmme fir Loisirspiller virgesinn. Am Virfeld wor et e grousse Succès wëll et haten sech net manner wéi 40 Equipe ugemellt. Leidergottes waren d'Wiederkonditiounen awer katastrophal schlecht. Nodems et wi aus Eemeren geschott hat, hun eis Terrainen éischter engem Weier geglach.

Mir kënnen de Spiller nëmme gratuléiren wëll trotz dem miserablen Wieder sin si ALLEGUER moies ugetrueden. An obschonn mir den Tournoi schwéiren Herzens hu missen ofsoen, sin der nach eng grouss Parti vun hinnen bliwen fir e puer gemittlech Stonne mat eis am Clubhäus vum Tennis ze verbrëngen. Dorops hin huet de Comité spontan décidéiert d'Mëttegiessen, a Form vun engem Balkangrillteller mat Fritten plus Dessert, gratis ze offréiren. D'Präiser di fir d'Gewënner firgesi waren, goufen per Tombola verloust. An sou konnte mir trotz allem nach e richteg flotten Daag verbrëngen an nei sympathesch Kontakter hirstellen.






......... fir trotzdem zesumm spillen ze kënnen, hu mir fir de Sonnden drop kurzfristeg de Loisirstournoi a verklengerter Form nachmol organiséiert:
27.10.2019
D'Wieder war leider nees net optimal a sou ware mir verständlecherweis zu bësse manner Leit, mä mir konnten sämtlech Manchen duerchzéien, mat Hameschmier an der Mëttegpaus, a wi gewinnt engem gesellegen Afterbull......